← Poterkëscht vum INLL29 juil. · 5 min
Tipps an der Hëtztwell (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir mat iech iwwert de Phenomen vun der Hëtztwell. Vill Spaass beim Nolauschteren!

Transkript:

Tipps an der Hëtztwell

A: Salut Pol, du bass awer scho fréi ënnerwee !

B : Moien Aurélie ! Jo, ech gi séier e puer Saachen akafen, éier déi déck Hëtzt kënnt.

A: Dat ass gutt! Et sinn elo scho bal 30 Grad, an et ass eréischt 9 Auer!

B: Du hues Recht. D’Hëtztwell dauert elo schonn eng Woch. Et ass wierklech ustrengend.

A: Jo, immens. Ech schlofen esou schlecht. Nuets ass et vill ze waarm am Schlofzëmmer.

B: Dat kennen ech. Dofir maachen ech owes all d’Fënsteren am Haus op. Dat hëlleft e bëssen.

A: Ech maachen dat och. Mee dagsiwwer bleiwen all d’Fënstere bei mir zou.

B: Wierklech? Firwat?

A: Ma, datt déi waarm Loft dobausse bleift. Wann d’Rollluede ganz erof sinn, bleift d’Wunneng méi kill.

B: Ok, dat stëmmt och erëm.

A: An ech hunn e Ventilator. Deen hëlleft och.

B: Ech hu kee Ventilator méi am Buttek kritt. Et ass zënter e puer Deeg iwwerall „Rupture de stock‘‘. Mee dofir hunn ech eng kleng mobil Klimaanlag vu mengen Eltere geléint, déi hëlleft e bëssen, mee just a klengen Zëmmere wéi am Büro.

A: Dat ass dach gutt! Drénks du och genuch?

B: Jo, natierlech. Ech drénken op d’mannst zwee Liter Waasser den Dag, heiansdo och méi.

A: Ech vergiessen dat heiansdo, mee dofir stellen ech mir dës Deeg ëmmer eng grouss Fläsch Wasser op den Dësch.

B: Dat ass eng gutt Strategie. Ech drénke wann et esou waarm ass och gär Kaffi – kal a mat Äis, natierlech!

A: Ech drénke léiwer Téi. Ech kachen en owes, loossen en ofkillen a stellen en dann iwwer Nuecht an de Frigo. Moies ass mäi kalen Téi prett, fir ze drénken.

B: Dat muss ech och emol testen. A wat ëss du an där Hëtzt? Ech hunn net vill Honger, wann et esou waarm ass.

A: Ech och net. Mee ech iesse vill Uebst – Waassermeloun, Äerdbier, Drauwen – dat ass liicht an huet och vill Waasser!

B: Dat ass richteg! Ech iessen den Ament moies e bësse méi, an dofir mëttes just eppes Klenges, wéi e puer Stécker Meloun oder eng Zalot aus Kornischongen an Tomaten.

A: Mmh, dat kléngt gutt! Ech maachen et och esou änlech. Owes iessen ech dann erëm e bësse méi, mee eréischt no 20 Auer, wann et net méi esou waarm ass.

B: A wéi méchs du et mat dengem Hond? Gees du bei deem Wieder vill spadséieren ?

A : Nee, guer net. Mir