Poterkëscht vum INLL

← Poterkëscht vum INLL6 okt · 4 min

Weebeschreiwung Gare & Am Guichet (A2)

Weebeschreiwung Gare & Am Guichet (A2)6 okt4 min

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir, wéi eng Persoun Hëllef brauch, dee richtege Bus fir op d'Gare ze fannen. Duerno héiere mir, wéi d'Persoun op der Gare e Billjee fir op Amsterdam kafe wëll.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

Transkript

Weebeschreiwung op d’Gare

A: Entschëllegt, kënnt Dir mir hëllefen?

B: Jo, natierlech. Wat sicht Dir?

A: Ech sichen de Busarrêt fir de Bus Nummer 6.

B : Hmm… de 6 fiert mengen ech do hannen.

A: Do, bei der rouder Luucht?

B: Jo, genee. Dir gitt einfach riichtaus, an dann no riets.

A: Riets? (e bëssen erstaunt)

B: Jo, mee, ee Moment… ech kucke léiwer nach eng Kéier kuerz op der Mobilitéit-App no.

A: Merci.

B: O, ech gesinn, den Arrêt ass haut suppriméiert.

A: O nee… ech muss awer op d’Gare. Wéi kommen ech dann elo dohin?

B: Hmm, ech kucken op der App. Also, dir kënnt och eng Véierelstonn zu Fouss goen, an dann um Hamilius den Tram huelen. Deen hält direkt op der Gare.

A: O, eng Véierelstonn zu Fouss, am Reen… Fiert da kee Bus bis op den Hamilius?

B: Ech kucken… Nee, mee dir kënnt 5 Minutten zu Fouss bei d’Kierch goen, do kënnt an 10 Minutten den 12, deen hält op der Stäreplaz. Do kënnt Dir an den Tram ëmsteigen an direkt bis op d’Gare fueren.

A: O, ech hoffen dat geet duer. A wéi kommen ech bei d’Kierch?

B: Dat ass net komplizéiert. Dir gitt elo hei iwwer d’Strooss, an dann ongeféier 200 Meter riichtaus. De Busarrêt ass direkt vis-à-vis vun der Kierch.

A : Ech gesinn. An a wat fir eng Richtung muss ech de Bus huelen?

B: Richtung Kierchbierg. Dir klammt da bei der Stäreplaz eraus, gitt iwwer d’Strooss an huelt den Tram Richtung Stadion.

A: An der Rei, ech mengen, ech fannen dat. Villmools Merci fir Är Hëllef!

B: Et ass gär geschitt! Ech hoffen, dir kritt Ären Zuch nach!

En Zuchbilljee op Amsterdam kafen

Client: Moien. Ech hätt gär e Billjee fir op Amsterdam, wannechgelift.

Verkeefer: Moien. Jo, natierlech. Wéini wëllt Dir fueren?

Client: Muer de Mëtteg.

Verkeefer: Jo. Et gëtt en Zuch um 14 Auer.

Client: Wéi laang dauert d'Rees?

Verkeefer: D'Rees dauert ongeféier sechs Stonnen. Dir musst zu Bréissel ëmsteigen. Dir hutt ongeféier eng Stonn Waardezäit.

Client: A wéi vill kascht de Billjee?

Verkeefer: Den Ticket kascht 160 Euro.

Client: 160 Euro? Dat